D'Nei Paart op der Stater Säit | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°37'4,188"N, 6°7'40,188"O |
Datum vum Bau | 1626 |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1871 |
D'Nei Paart (Nei Puert am Stater Dialekt) war eng Paart vun der Festung Lëtzebuerg.
Et war tëscht 1626, wou se gebaut gouf, an 1871, wou s'ofgerappt gouf, d'Haaptpaart vun der Stad Lëtzebuerg. D'Paart selwer war schonn 1627 fäerdeg a gouf Sankt Marienpforte genannt.
No bannen hi gouf et e Pavillon an der Paart, an deem d'Krichsgeriicht zesummekoum. No baussen hin hat de Louis XIV. vu Frankräich, no der Eruewerung vun der Festung, 1684 eng Trophee ameessele gelooss, déi 1795 vun den Truppe vun der Franséischer Revolutioun zerstéiert gouf an duerch eng schwaarz Marberplack ersat gouf, op där stoung: Rendue à la République française le 24 Prairial An III (12. Juni 1795).
Den Napoleon Bonaparte huet sengersäits 1808 d'Paart ofdroen an duerch eng méi massiv ersetze gelooss. Bei där Geleeënheet gouf eng napoleonesch Adlerstatue driwwer gesat, déi direkt 1814 ewechgemaach an 1848 duerch en Duebeladler vum Däitsche Bond ersat gouf.
Wéi no 1867 d'Festung huet misse geschleeft ginn, huet de Stater Gemengerot am Juni 1869 decidéiert, d'Nei Puert als Bléckfank z'erhalen. Ma wéinst dem Wäert vum Terrain an aus anerer Grënn gouf dës Decisioun nees verworf. Wéinstens de baussenzege Fronton hätt sollen erhale ginn, mä och dovu war 1871, wéi d'Ofrappe konkreet gouf, keng Ried méi. Eenzeg d'Mariestatu, déi bannen iwwer der Entrée stoung, gouf, wéinst Protester, erhalen, a gouf an d'Eckgebai vis-à-vis (Eck Neipuertsgaass / Biedergaass), an den ofgeflaachten Eck an d'Fassad integréiert. 1876 gouf dëst ageweit[1]
Dat neit Eckkaus gouf sengersäits an den 1960er Joren duerch en anert Gebai ersat. Eng Kopie vun der Mariestatu koum an den neigebaute Forum Royal, an e Bou iwwer den Trëttoir; d'Original ass ewell am Musée Dräi Eechelen ze gesinn.